Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mell et

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
10/07/2019

Info – Wat maache bei engem Harespelsnascht?

Et kommen ëmmer nach vill Uriff beim 112 era fir Harespelsnäschter oder aner Insekten ze eliminéieren.

Et sief dofir nach eemol dorunner erënnert dass d’Eliminéiere vun “Hautflügler” (Harespelen, Runnen, Bommelen, Beien) net zu den Haaptmissioune vun de Pompjeeën zielt, ausser et besteet eng gréisser an imminent Gefor fir d’Populatioun.

Fannt méi Informatiounen zu dësem Thema um Infoblat Harespelen – Lästeg Summergäscht
 
An der Reegel bedeit en Harespels- oder Beiennascht keng gréisser Gefor, zemools wann ee sech un e puer einfach Consignen hält fir net gepickt ze ginn:

  • evitéiert brüsk Bewegungen
  • loosst d’Entrée vum Nascht fräi a stellt Iech net tëscht d’Insekten an d’Nascht
  • bloosst net a Richtung vun den Insekten – Co2 an der Loft bedeit Gefor fir d’Déieren
  • haalt Äert Iesse sou laang wéi méiglech bedeckt a raumt den Dësch séier of
  • haalt d’Glieser bedeckt an evitéiert et direkt aus Béchsen oder Fläschen ze drénken
  • wäscht Iech (a virun allem och de Kanner) de Mond an d’Hänn nom Iessen
  • et sief gesot, dass verschidde Parfumen oder staark Crèmen d’Harespelen unzéie kënnen, dat selwecht gëlt fir donkel Kleeder
  • d’Insekte verloossen hirt Nascht um Enn vum Summer a benotzen et keng zweete Kéier

Falls Dir Hëllef braucht, rufft en Harespel-Beroder un:
Natur & Ëmwelt (Tel: 290404-1)
Ëmweltberodung Lëtzebuerg (Tel: 247868-31)
Nationalt Netzwierk vu Benevolen

Zréck