28/11/2018
Neit Parkkonzept an der Gemeng Suessem
D’Gemeng Suessem féiert den 1. Januar 2019 een neit Parkraummanagement op hirem Terrain an.
Dëst Parkkonzept gesäit net nëmmen d’Aféiere vu Zone mat “Stationnement résidentiel” oder “Parking payant” vir, mee och d’Parke mat engem Disque wäert ugepasst ginn.
Zil vun dëser neier Reglementatioun ass et den Awunner et méi einfach ze maache fir no un hirer Wunneng ze parken a gläichzäiteg och den ëffentlechen Transport an déi douce Mobilitéit ze fërderen.