St Nick Party
Wa Country op Rockabilly trëfft, da richteg Spaass et mécht…
A Spaass a cool Musek gëtt et de Samschdeg 7. Dezember 2019 vun 20.00 Auer un zu Éilereng am Kulturschapp mat Musek, déi verbënnt an zu där ee richteg matfeiere kann. An natierlech nach vill méi, bis 3 Auer nuets.
Mat derbäi sinn den Countrysänger Frank vum Country Radio 94.7 FM Gilsdref, a fir de Rockabilly a Rock’n Roll déi bescht bekannten international Formatioun M Phil and the V Eight, esouwéi och nach den DJ Tun an den DJ Renn, alias de Granzert. Linedancing as natirlech och nach ugesot.
A wou sou vill Energie verbraucht gëtt, do brauch een och eng anstänneg Stäerkung mat Ami Food and Drinks. Country trëfft Rockabilly. A wie mécht et wouer? An dat nach derbäi ouni Entrée?
RBV – Däi Radio