Kanner Kleeschen Party
RBV – Däi Radio
Mir hu weeder Käschten nach Méi gescheit an no laange Verhandlungen ass et eis gelongen! Mir bréngen Iech, obschonn hie scho Congé gebucht hat, de Kleeschen nach eng Kéier zréck. De 7. Dezember ab 14.30 Auer besicht den hellegen Niklos eist Fest an iwwerzeegt sech nach emol, dass d’Kanner hien och net ugeschmiert haten. Natierlech huet hien nach e puer Saachen dobäi fir déi ganz brav.
Awer opgepasst, den Houseker ass och derbäi!
Waart Dir och all brav? Hutt Dir wierklech net gefuddelt? Majo, dann trefft de Kleeschen nach eng Kéier am Kulturschapp zu Éilereng. 3 grouss Präisser ginn um 18.00 Auer verloust an natierlech net vergiessen, wéi ëmmer: Spill a Spaass, Animatioun, gratis Kaddoen, a wéi ëmmer och eng Kannertombola.
Fir Iessen an Drénken ass natierlech och beschtens gesuergt