Signalez-le
Démarches et Annuaire
Résultats de recherche pour : {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulaires
Documents

Signalez-le

  • Taille max. des fichiers : 200 MB.
  • Les informations recueillies sur ce formulaire font l'objet d'un traitement par la Commune de Sanem afin de mener à bien votre demande et conformément au règlement général sur la protection de données, le Règlement (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • Ce champ n’est utilisé qu’à des fins de validation et devrait rester inchangé.
22/09/2021

Formatioun – Trilogie zum Liewensenn

Eng Formatioun fir Matbierger.inne vun der Gemeng Suessem, organiséiert vun der Seniorekommissioun an dem Service Senior+ zesumme mat Omega 90.

D’Formatioun Trilogie zum Liewensenn besteet aus véier Workshoppe, zu dräi verschiddenen Theemen a Lëtzebuerger Sprooch.

Pro Workshop kënnen 12 Leit sech umellen, déi éischt si vir. Et besteet d’Méiglechkeet sech just fir ee Workshop unzemellen.

Umeldung méindes bis freides tëschent 08.30 an 11.30 Auer um 59 30 75 – 609

 

Lescht Begleedung – Iwwert d’Liewensenn an den Doud schwätzen

 

Wéini: Mëttwochs, den 29.09. an den 13.10.
Auerzäit: 14.00 bis 17.00 Auer
Wou: Festsall vun der Gemeng zu Bieles

An eiser Gesellschaft ass den Doud keen Theema – an dach si mir alleguer betraff. Hei gëtt Iech eng Plaz gebuede fir sech mat eis an aneren interesséierte Leit iwwer dëst Theema auszetauschen an Informatiounen iwwert d’Stierwen an den Doud hei zu Lëtzebuerg ze kréien.

 

Lescht Hëllef Cours – E Mënsch aus mengem Ëmfeld um Liewensenn begleeden: Wat kéint mir hëllefen?

 

Wéini: Mëttwochs, de 27.10.
Auerzäit: 14.00 bis 17.00 Auer
Wou: Festsall vun der Gemeng zu Bieles

Dir hutt eng schwéier krank Persoun an Ärem Ëmfeld, déi Dir begleet?
Dir stellt Iech eng Partie Froen: Wéi ginn ech mat sengen a mat menge Gefiller ëm?
Wat fir Méiglechkeeten hu mir, wat fir eng Rechter huet hien/si? Wat fir eng Ënnerstëtzung kënne mir kréien?
Wat kann ech maachen, datt d’Persoun sech e bësse besser fillt?
Dës a nach vill aner Froe kënnt Dir am Austausch mat eis an anere Betraffene klären.

 

Leschte Wëllen – Virbereedung fir säi Wëlle fir d’Liewensenn nidderzeschreiwen

 

Wéini: Mëttwochs, den 10.11.
Auerzäit: 14.00 bis 17.00 Auer
Wou: Festsall vun der Gemeng zu Bieles

Eng Wallis mat Informatiounen an Hëllefsmëttele fir Iech ze befäegen Är Decisioune fir d’Liewensenn kënnen ze huelen. Iwwer säin eegent Liewensenn nozedenke fält net jiddwerengem liicht. An dach ass et e wichtegt  Theema, wou et gutt wier fir sech selwer am Kloeren ze sinn an och mat senger Famill oder senge Frënn kënnen driwwer ze schwätzen. Omega 90 proposéiert Iech e Moment, fir mat eis an anere Leit déi interesséiert sinn, dëst Theema unzegoen.

Retour